Wisou sollt een LuxHosting Web Hosting Servicer notzen?
Web Hosting Support einfach gemaach!
Mir sinn den Web Hosting Service Partner deen dier braucht an iech ënnerstëtzt fir är Websäit ze lancéieren an sech em dës ze këmmeren. Dir kritt séier Hëllef vun engem excellent Team.FAQ
Wat ass Web Hosting?
Website Hosting ass en Service vun Hosting Provideren. Web Hosting ass den Prozess vum späicheren an publizéieren vun Websäiten an Dateien op performanten Serveren, soudass déi um Internet vun den Benotzer erreechbar sënn. Wannt Dateien vun ärer Websäit net op engem Server deen 24/7 an 365 Deeg am Joer leeft gespäichert wieren, wier är Websäit net méi erreechbar nodeems den Computer mat den Dateien ausgemaach gouf.
Et existéieren 3 Typpen vun Web Hosting Servicer – Shared Web Hosting, VPS an Dedicated Server Hosting. Den populäersten vun deenen dräi ass den Shared Web Hosting, haaptsächlech well dësen immens bëlleg ass. Dësen Service fänkt bei 1€/Mount un op LuxHosting.lu.
Wann dier méi iwwert Web Hosting wëssen wëllt kennt dier dësen Guide op eisem Blog consultéieren: getting started guide.
Wat ass een Domain Name?
Domain Nimm sinn speziell Nimm déi enger IP Adress vun enger Websäit zougedeelt ginn, dës gëtt un wou eng Websäit sech um Internet befënnt.
All Websäit brauch esou een einfachen ze verhalenden Domain Numm, doduerch ass et méiglech fir Benotzer d Websäit direkt am Browser ze fannen oder se mat hëllef vun enger Sichmaschinn ze fannen (z.b Google, Bing oder Yahoo..).
Hei sinn 4 Tipps fiert registréieren vun engem Domain Numm fir är Websäit:- Benotzt eng “Name Search Bar” oder een “Domain Name Checker”, beim brainstormen an sichen no engem eenzegaartegen Domain Numm fir är nei Websäit.
- Haalt är Domain kuerz. Evitéiert ze laang oder komplizéiert Nimm. Grouss Marken wei Apple, Nike, Google, Toyota hunn all kuerz Domains. Als Reegel, soll een eng Domain aus 6-15 Zeechen bestoen.
- Benotzt déi bescht méiglechst Domain Endung. Hautzedaags ass een net méi op .COM limitéiert. Nei top-level Domainen wei .info, .co, .app, dengen als alternativen zu den .com Domainen.
- Macht einfach den Radio Test. Wat ass dat? Dir muss einfach den Numm haart soen. Héiert et sech sou un wei wann een sech verschreiwen kéint? Wannt Benotzer et ausschwätzen kennen an et opfälleg ass, stinn d’Chancen héich dass Sie et verhalen wäerten.
Wat ass SSD Shared Hosting?
SSD steet fir Solid State Drive, dës Form vun Hosting ass méi séier an méi effizient wei HDD oder aner Shared Hosting Optiounen. SSDen lafen méi séier, an doduerch ass d’Kommunikatioun mam Server fiert Detailer vun der Websäit ofzeruffen enorm schnell. LuxHosting.lu bitt iech een komplett SSD Hosting Environnement mat high-speed SSD Raid 10 Späicher fiert Server Performance ze optiméieren.
Bitt dier Hosting an Web Servicer optimiséiert fir Lëtzebuerg un?
Jo. LuxHosting, ass een stolzen Lëtzebuerger Hosting Provider mat optiméierten Léisungen déi fir Lëtzebuerger privat Websäite Benotzer an Firmen sënn. LuxHosting huet well virun 20 Joer um Lëtzebuerger Marché ugefaangen an ass haut eng vun deenen beschtbekannten Firmen am Beräich vun Domain an Web Hosting. Eisen Setz an eis haapt Datenzenteren stinn zu Lëtzebuerg, doduerch hunn eis lokal Clienten ëmmer déi bescht Konditiounen fir hier Websäit.
Bitt dier och Hosting Servicer mat E-Mailen un?
Bei luxHosting.lu, bidden mir iech passend Léisungen fir eng ganz Rei un Bedierfnesser. Mir wëllen,dass dier eng erfollegräich Websäit hutt an mat eis dës op deem séchersten Netzwierk bedreift. Eis Servicer sinn flexibel an kennen jee no Bedürfnis zu all Moment geupgrade oder gedowngrade ginn. Och wann all Service anescht ass, sinn verschidden Elementer iwwerall d’selwecht.
Dir kritt Zougang op:- Eng “client area” wou dir all är Servicer manage kennt.
- Dediziert Resource wei Speicherplaatz, Bandbreet, an CPU.
- cPanel Control Panel (* VPS an Dedicated Server Clienten, mussen dësen Service extra buchen)
- Individuell E-Mailen, déi am cPanel agestallt kennen ginn.
- 1-Click web app installer fiert installeiren vun WordPress, Joomla etc.
*Fir genau Spezifikatiounen vun ärem Produit ze consultéieren, consultéiert Deskriptioun vum Produit oder är Welcome Email.